Fleeg

Grondbotzmëttel

b!design Grondbotzmëttel ass d'Basisfleeg fir Äre b!design-Vinylbuedem. Fir einfach kleng a grouss Flächen ze botzen - sou gëtt Äre Buedem ganz einfach nees propper.

Opfrëscher

b!design Opfrëscher, d'Botz- a Fleegemëttel fir Vinyl op natierlecher Basis. Eng éischt Fleeg mat b!design Opfrëscher ass och fir frësch geluechten, industriell fäerdeg traitéierte Buedem ze recommandéieren. Och fir Holzsurfacë gëeegent déi mat Ueleg a Wuess traitéiert sinn. Schützt d'Surface, regeneréiert, frëscht op. Waasser- an dreckofweisend.

Wëschfleeg

b!design Wëschfleeg Konzentrat ass e konzentréierte Waasserzousaz mat aktive Substanzen an natierleche Fleegezousätz. Fir all Vinylsurfacen an och fir Biedem aus Holz oder Kork mat enger Surface déi mat Wuess oder Ueleg traitéiert ass an all aner Biedem déi kënne gewëscht ginn, wéi PVC, Linoleum, Keramik, Plättercher... Mécht schounend a grëndlech propper - ouni Sträifen a Schmieren. Frëscht d'Surface op a mécht se dreckofweisend. Schaumaarm - dofir och fir Botzmaschinne gëeegent.