Fleegen

Fannt elo ganz einfach de passende Buedem

Wat fir en Typ sidd Dir?

Botzen

Behandlung (gréisser Surfacen): b!design Grondbotzmëttel Konzentrat 1:10 mat Waasser verdënnen (z.B. 0,5 L op 5 L Waasser) a mat Gelenkwëscher oder Torschong gläichméisseg um Buedem verdeelen (keng Pill stoe loossen).
Och fir Botzmaschinne gëeegent.

Behandlung (méi kleng Surfacen): b!design Grondbotzmëttel Konzentrat verdënnt direkt opdroen a mat engem ausgedréckte fiichten Torschong verdeelen. 5 – 20 Minu¬tten awierke loossen. Behandelt während dëser Zäit d'gedréchent Plazen no. Huelt de Knascht dee sech geléist huet grëndlech mam Gelenkwëscher oder mam fiichten Torschong op. 2 - 3 x mat kloerem Waasser fiicht propperwëschen. Dréchen nowëschen. Wann de Buedem komplett dréchen ass, mat b!design Opfrëscher fleegen.

Fleegen

Einfach bei d'Botzwaasser maachen - 2 Kappe ginn duer fir ca. 5 Liter Waasser. Torschong ausdrécken a fiicht wëschen. Eventuell dréchen nowëschen.

Remarque: Fir ganz staark Flecken ewechzemaachen, fir heiansdo opzefrëschen a fir de Buedem intensiv ze fleegen, recommandéiere mir de b!design Opfrëscher.

Opfrëschen

Viru Gebrauch gutt rëselen. Eng Kapp (fir ca. 2 m²) op de Buedem maachen, nodeems de Stëbs ewech gemaach gouf, an da mat engem Duch regelméisseg verreiwen.

Remarque: Fir extrem knaschteg Biedem (z.B. am ëffentleche Beräich), recommandéiere mir bei Bedarf eng Grondbotz mat b!design Grondbotzmëttel Konzentrat a dono eng Fleeg mat b!design Opfrëscher.