Dateschutzerklärung

Är Privatsphär ass eis wichteg. Dir sollt Iech sécher bei eis fillen. Dofir passe mir an eisen Dateschutzbeoptragten op, dass d’Regele vum Dateschutz, virun allem déi vum allgemengen Dateschutzreglement vun der EU (RGPD) a vum däitsche Bundesdatenschutzgesetz (BDSG) respektéiert ginn. Mir wëllen Iech hei doriwwer informéieren, fir wat fir eng Zwecker Är Daten traitéiert ginn a wéi Dir Är Rechter kënnt ausüben. Dir kënnt d’Dateschutzerklärung zu all Moment iwwer den Tab “Dateschutz” um Fouss vun all Säit opruffen.

Numm a Kontaktdate vum Verantwortlechen

B! Design ass eng Offer vu BAUHAUS. De Service Client baséiert bei de BAUHAUS-Gesellschaften (https://www.bauhaus.info/gesellschaften) aop engem Accord iwwer d’gemeinsam Verantwortlech am Sënn vum Artikel 26 Al. 1 S. 1 RGPD. Den zentralen Uspriechpartner fir Ufroe vu Clienten oder betraffene Persounen, déi d’Dateschutzrecht betreffen, ass

BAUHAUS AG
Filial Mannheim
Gutenbergstraße 21

68167 Mannheim

Däitschland

Telefon: 0800 3905 000

E-Mail: datenschutz@bauhaus.info.

BAUHAUS AG iwwerhëlt d’Erfëllung vun de betraffene Persounen hire Rechter a Conformitéit mam RGPD (kuckt och d’Rechter vun de Betraffenen hei drënner).
D’BAUHAUS-Gesellschafte leede sämtlech Ufroe vun de Clienten a vun Drëtten iwwer den Dateschutz u BAUHAUS AG weider. Dat gëllt net fir d’direkt Ufroen un den Dateschutzbeoptragten. De wesentlechen Inhalt vum Accord iwwer d’gemeinsam Verantwortlech am Sënn vum Artikel 26 Al. 1 S. 1 RGPD fannt Dir ënner: www.bauhaus.info/gemeinsam_verantwortliche.

Kontaktdate vum Dateschutzbeoptragten

Falls Dir als betraffe Persoun Froen zum dateschutzrechtlechen Ëmgang mat Ären Daten hutt, stinn Iech zwee Weeër zur Verfügung fir Är Froen ze stellen oder Äert Uleies ze iwwermëttelen:

  • Fir allgemeng Ufroen iwwer den Dateschutz a fir d’Rechter vun de Betraffenen auszeüben, wéi z.B. eng Fro no Informatiounen, wennt Iech w.e.g. un de BAUHAUS-Dateschutz ënner datenschutz@bauhaus.info a gitt Äert Uleies an Är Kontaktadress genee un; an
  • Fir speziell Ufroe kënnt Dir Iech och gär zu all Moment direkt un den designéierten Dateschutzbeoptragte wennen ënnert: datenschutzbeauftragter@bauhaus.info.

Zweck a Rechtsgrondlag vum Datentraitement

Server-Logfiles

Wann Dir op d’Säit www.bdesign-vinyl.de gitt, dann enregistréiert de Webserver dat automatesch a sougenannte Server-Logfiles. Dës Daten enthalen de Browser, deen Dir benotzt, de Betribssystem an d’Auerzäit vum Zougrëff. Dës Date ginn nëmme fir statistesch Auswäertungen an aus Sécherheetsgrënn (z.B. zur Opklärung vu Mëssbrauchs- oder Bedruchsfäll) a fir de Betrib vun der Websäit benotzt. D’Rechtsgrondlag vum Datentraitement ass den Artikel 6 Al. 1. S. 1 lit. f) RGPD. Eise berechtegten Interessi besteet am Betrib an an der Duerstellung, an och der Verbesserung vun der Stabilitéit an der Funktionalitéit vun eiser Websäit.

Et ass weder vum Gesetz nach per Kontrakt virgeschriwwen, dass Dir dës perséinlech Daten zur Verfügung stelle musst. Ouni den Traitement vun de Server-Logfiles sinn de Service an d’Funktiounsfäegkeet vun eiser Websäit awer net garantéiert. Ausserdeem kënnen eenzel Déngschter a Servicer net disponibel oder ageschränkt sinn.

Benotzung vu Cookien

Wann Dir eis Websäit benotzt gi Cookien op Ärem Computer gespäichert. Cookië si kleng Textdateien, déi op Ärem Harddisk gespäichert an dem Browser, deen Dir benotzt, attribuéiert ginn, an iwwer déi d’Instanz, déi de Cookie setzt, bestëmmt Informatioune geschéckt kritt. Cookië kënne keng Programmer ausféieren oder Viren op Äre Computer iwwerdroen. Hiren Zweck ass et, d’Internetoffer insgesamt méi benotzerfrëndlech an efficace ze maachen. Cookië ginn op dëser Websäit zum Beispill agesat fir d’Verhale vun de Benotzer vun der Websäit auswäerten ze kënnen. Dir kënnt Är Browserastellungen no Äre Wënsch konfiguréieren an z.B. d’Akzeptatioun vu Cookië vun Drëtten oder vun alle Cookië refuséieren. Mir weisen Iech drop hin, dass Dir dann eventuell net all d’Fonctioune vun dëser Websäit kënnt benotzen.

Google Analytics

Mir setze Google Analytics, e Webanalysservice vu Google Ireland Limited, Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland (“Google”) an. Google benotzt Cookien. D’Informatiounen iwwer d’Benotzung vun dëser Onlineoffer duerch d’Benotzer, déi vum Cookie generéiert goufen, ginn an der Regel un e Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gespäichert.
Google ass ënnert dem Privacy-Shield certifiéiert a bitt doduerch d’Garantie, d’europäescht Dateschutzrecht anzehalen (https://www.privacyshield.gov/participant?id=a2zt000000001L5AAI&status=Active).

Google benotzt dës Informatiounen an eisem Optrag fir d’Benotzung vun eiser Onlineoffer duerch d’Visiteuren auszewäerten, fir Rapporten iwwer d’Aktivitéiten innerhalb vun dëser Onlineoffer zesummenzestellen a fir eis weider Déngschtleeschtungen, déi mat der Notzung vun dëser Onlineoffer an der Benotzung vum Internet verbonne sinn, ze liwweren. Aus den traitéierten Date kënne pseudonym Notzungsprofiller vun de Benotzer erstallt ginn. Den Datentraitement gëtt op der Basis vun Ärem Averständnis no Artikel 6 Al. 1 S. 1 lit. a) RGPD gemaach. Dir kënnt Äert Averständnis dofir zu all Moment mat Wierkung fir d’Zukunft widderruffen. Hei drënner gëtt beschriwwen, wéi eng Widderruffsméiglechkeeten Iech dofir zur Verfügung stinn.

Mir setze Google Analytics nëmme mat aktivéierter IP-Anonymiséierung an. Dat bedeit, dass d’IP-Adress vun de Benotzer vu Google an de Memberstaate vun der Europäescher Unioun oder an anere Vertragsstaate vum Ofkommes iwwert den europäesche Wirtschaftsraum gekierzt gëtt. Nëmmen an Ausnamefäll gëtt d’komplett IP-Adress un e Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gekierzt.

D’IP-Adress déi vum Benotzer sengem Browser iwwermëttelt gëtt, gëtt net mat aneren Date vu Google zesummegefouert. D’Benotzer kënnen d’Späicherung vun de Cookien duerch eng entspriechend Astellung vun hirer Browser-Software verhënneren; d’Benotzer kënnen doriwwer eraus d’Erfaassung vun den Daten, déi de Cookie generéiert an déi sech op d’Benotzung vun der Onlineoffer bezéien, bei Google an den Traitement vun dësen Daten duerch Google verhënneren, andeem si de Browser-Plugin, deen ënnert folgendem Link disponibel ass, eroflueden an installéieren: http://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de.

Weider Informatiounen iwwer d’Datennotzung duerch Google, Astellungs- a Widdersprochsméiglechkeete fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google (https://policies.google.com/technologies/ads) an an den Astellunge fir d’Duerstellung vu Reklammen duerch Google (https://adssettings.google.com/authenticated).

Alternativ zum Browser-Add-On oder innerhalb vu Browseren op mobillen Apparater, klickt w.e.g. op dëse Link fir d’Erfaassung duerch Google Analytics innerhalb vun dëser Websäit an Zukunft ze verhënneren:

Analytics-Opt-Out

Analytics-Opt-Out

Doduerch gëtt en Opt-Out-Cookie op Ärem Apparat gespäichert. Wann Dir Är Cookië läscht, musst Dir nach eng Kéier op dëse Link klicken.
D’Bereetstelle vun dëse perséinlechen Daten ass weder gesetzlech nach per Kontrakt virgeschriwwen. Ouni dës Daten ass allerdéngs d’Analys, d’Optimiséierung an de wirtschaftleche Betrib vun eiser Onlineoffer net méiglech.

YouTube

Eis Säit benotzt fir d’Integratioun vu Videoen de Fournisseur YouTube LLC, 901 Cherry Avenue, San Bruno, CA 94066, USA, vertrieden duerch Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA. Normalerweis gëtt scho beim Opruff vun enger Säit mat integréierte Videoen Är IP-Adress u YouTube geschéckt a Cookien op Ärem Computer installéiert.

Mir hunn eis YouTube-Videoen awer mat dem erweiderten Dateschutzmodus agebonnen (an dësem Fall hëlt YouTube ëmmer nach Kontakt mam Service Double Klick vu Google op, awer da gi laut der Dateschutzerklärung vu Google d’perséinlech Daten net ausgewäert). Doduerch gi vu YouTube keng Informatiounen iwwer d’Visiteure méi gespäichert, ausser wa si de Video kucken. Wann Dir op de Video klickt, gëtt Är IP-Adress u YouTube geschéckt a YouTube gëtt gewuer, dass Dir de Video gekuckt hutt. Wann Dir bei YouTube ageloggt sidd, gëtt dës Informatioun och Ärem Benotzerkont attribuéiert (dat kënnt Dir verhënneren, andeems Dir Iech virum Opruffe vum Video bei YouTube ausloggt).

Weider Informatiounen zum Zweck an zum Ëmfang vun der Datesammelung an hirem Traitement duerch YouTube fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu YouTube. Do kritt Dir och weider Informatiounen iwwer Är Rechter an Astellungsméiglechkeeten zum Schutz vun Ärer Privatsphär: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy. Google traitéiert Är perséinlech Daten och an den USA an huet sech dem EU-US-Privacy-Shield ënnerworf, https://www.privacyshield.gov/EU-US-Framework.“

Empfänger vun de perséinlechen Daten

Am Kader vun de gesetzleche Befugnisser ginn Är perséinlech Date géintiwwer de folgende Firmaen innerhalb vun der EU divulgéiert:
Aner BAUHAUS-Gesellschaften (https://www.bauhaus.info/gesellschaften) n hir Soustraitanten, eventuell fir weider Berodung, fir gewënscht Kontrakten ofzeschléissen oder fir aner Déngschtleeschtungen zur Verfügung ze stellen an Soustraitante vu BAUHAUS AG fir Informatikdéngschtleeschtungen a fir d’Administratioun vum Backend vun der Websäit.

Dauer vun der Datespäicherung

Mir späicheren Är Daten esou laang, wéi de jeeweilegen Zweck et erfuerdert:

  • Server-Logfiles: 30 Deeg
  • Google Analytics Cookie: 2 Joer

Rechter vun de Betraffenen

Är Rechter als Betraffene ginn duerch d’BAUHAUS-Gesellschaften ëmfaassend garantéiert.

Widderruff vun engem Averständnis

Wann Dir am Kader vun der Notzung vun dëser Websäit d’Averständnis fir den Traitement vu perséinlechen Date ginn hutt, kënnt Dir dëst Averständnis no Artikel 7 Al. 3 RGPD zu all Moment widderruffen. De Widderruff ka per E-Mail un datenschutz@bauhaus.info oder schrëftlech un d’Adress hei driwwer geschéckt ginn. D’Wierkunge vum Widderruff beschränke sech drop, dass déi betraffe perséinlech Daten an Zukunft net méi kënnen traitéiert ginn. Esou e Widderruff beaflosst also d’Zoulässegkeet vum Traitement vun Äre perséinlechen Daten, nodeems Dir e géintiwwer eis ausgeschwat hutt. Denkt awer drun, dass an deem Fall eventuell den Traitement vun de betraffenen Daten an der Zukunft net méi méiglech ass.

Widdersprochsrecht géint den Traitement no Artikel 6 Al. 1 S. 1 lit. f) RGPD

Dir hutt no Artikel 21 Al. 1 S. 1 RGPD d’Recht, aus Grënn, déi sech aus Ärer besonnescher Situatioun erginn, zu all Moment Widdersproch géint den Traitement vun Äre perséinlechen Daten opgrond vun Artikel 6 Al. 1 S. 1 lit. f) RGPD anzeleeën.

Wann Dir Widdersproch aleet, ginn Är perséinlech Daten net méi traitéiert, ausser wa mir kënnen zwéngend schutzwürdeg Grënn fir den Traitement noweisen, déi Är Interessien, Rechter a Fräiheeten iwwerweien, oder wann den Traitement néideg ass fir rechtlech Uspréch geltend ze maachen, auszeüben oder ze verdeedegen.

Aner Rechter

Dir hutt déi folgend aner Rechter, déi Är traitéiert perséinlech Date betreffen, géintiwwer dem Verantwortlechen, wann déi jeeweileg spezifesch Viraussetzungen erfëllt sinn:

  • Informatiounsrecht vun der betraffener Persoun, Artikel 15 RGPD;
  • Recht op Rectificatioun, Artikel 16 RGPD;
  • Recht op Läschung, Artikel 17 RGPD;
  • Recht op Aschränkung vum Traitement, Artikel 18 RGPD; an
  • Recht op Iwwerdroung vun den Daten no Artikel 20 RGPD.
  • Dir hutt och d’Recht, eng Plainte bei enger Iwwerwaachungsautoritéit ze maachen, wann Dir der Meenung sidd, dass den Traitement vun de perséinlechen Daten, déi Iech betreffen, géint den RGPD verstéisst.
Aktualiséierung an Ännerung

D’Dateschutzerklärung muss vun Zäit zu Zäit un d’tatsächlech Verhältnisser an un d’Rechtslag ugepasst ginn. Iwwerpréift w.e.g. d’Dateschutzerklärung ier Dir eis Offer notzt, fir bei méiglechen Ännerungen oder Aktualiséierungen um neiste Stand ze sinn.

Stand: 15.08.2019